Butschebuerger Buergfest

Den 12. an den 13 September 2015 war dat 14. Butschebuerger Buergfest.

Et ass mëttlerweil bis wäit iwwert eis Grenz bekannt, dass zu Diddeleng all Joers dat gréissten a schéinsten Mëttelalterfest vun der Groussregioun stattfënnt. Déi ganz Rue de la Chapelle war mat iwwert 90 authenteschen Stänn dekoréiert. Um Buedem loung Stréi an d'Leit war wéi am Mëttelalter gekleet an esou huet een sech tatsächlech an't Mëttelalter zeréckversat gefillt. An de Wisen waren Zelter opgeriicht an et gouf wéi deemools z'iessen an ze drénken. Et goufen Ritterkämpf organiséiert an handwierklech geschafft ass och ginn. D'Musek war an den Téin vun deemools.

No der Mëttesstonn war en Cortège deen bis op d'Haaptbühn gaangen ass. Do sinn op typesch mëttelalterlech Manéier all d'Kënschtler déi do waren, - an et waren der nawell vill - virgestallt ginn. De Buergermeeschter Dan Biancalana esou wéi seng zwee Virgänger Mars Di Bartolomeo an den Alex Bodry waren och vun der Partie. Si waren och an engem mëttelalterlechen Outfit komm. An d'Wieder huet sech nawell och gutt gehalen an dat war gutt fir déi vill Participant'en déi op der Plaz waren, awer och fir déi immens vill Visiteuren déi do waren. Et ass een bal net méi laanschteneen komm, esou struppevoll war d'Rue de la Chapelle.

Jee, d'Butschebuerger Buergfest ass wierklech eng ganz flott Manifestatioun déi derwäert ass fir besicht ze ginn. D'Editioun 2015 war e gudde Cru an nees e volle Succès!