Kanner aus der Maison Relais Wolkeschdahl vun Diddeleng hun vun November
2025 bis Mee 2026 un engem Projet „Kleng Kënschtler“ deelgeholl deen
grondsätzlech dofir geduecht war de Kanner Konscht mat verschidden Materialien
mi no zebrengen. Heifir hun si mat Toilen, Fertigspachtel, Beton, Glas, Kartong,
Bauschaum, Holz an Stoff geschafft. All Mount stoung enner engem aneren Thema.
Et goufen Petzien gebitzt, Skulpturen mat Bauschaum, Biller mat Fertigspachtel,
witzeg Gesiichter mat Kartong, Nuetsluuchten aus Glas, Stären aus Beton als kleng
Oflag. Si konnten selwer de Beton mëschen, hun mat der Bitzmaschin geschafft,
mat Laim gepescht, gespachtelt, Holz geschlaff, si konnten selwer hieren Stoff
strecken, de Bauschaum sprayen, fierwen, schneiden an villes méi. Kanner
konnten wielen wéi een Projet si jeweils matmachen wollten an haaten riesen
Spaass dorunner.
Als Ofschloss zu desem Projet hun sie zesummen mat den Elteren op eiser
Journée de l’enfance eng kleng Austellung gemach an Elteren konnten mat enger
klenger Stee hieren Kanner hier Kreatiounen mathuelen. Des Suen hun mir
gesammelt an den 15. Juli 2026 mat enger klenger Chèque-Iwwerreeschung un
Fondatioun Kriibskrank Kanner weidergin.
"geschriwen vun der Maison Relais Wolkeschdahl"