Selwergemaache Bracelet'en fir de gudden Zweck

De Mëttwoch 15 Juli hat Tëntener Schoul hiert Schoulfest wou d'Schüler vum Cycle 4.2 selwergemaache Bracelet'en an aner kleng Saache verkaaft hu fir e gudden Zweck. Am Uschloss konnten se du mat hirer Aktioun der Fondatioun Kriibskrank Kanner e Scheck vun 350.- iwwerreechen.