D’Première E vum LCE ënnerstëtzt d’Diddelenger Déierenasyl mat hirer Konscht


De 17. Oktober 2018 ass am Kräizgank a Präsenz vum Här Paul Weber, President vum Diddelenger Déiereschutzveräin, de Kalenner virgestallt ginn, deen d’Schüler vun der Première E aus dem Iechternacher Kolléisch am Laf vum leschte Schouljoer fir d‘Déierenasyl vun Diddeleng kreéiert hunn.


Nodeems si flott Biller vun Hënn a Kaze gezeechent haten, hu si am Trimester drop och de komplette grafesche Layout vum Kalenner selwer an d’Hand geholl. Dank der gudder Aarbecht vun de Schüler an hire Proffen, der Madamm Staar an der Madamm Gudendorf, ass sou e schéinen, groussformatege Kalenner entstanen, dee sech weise léisst.


Nodeems d’Première E den 29. September 2018 schonn an d‘Asyl invitéiert gi war, wou de Schüler an hiren Titulairen eng komplett Visite Guidée gebuede gouf a wou si och e puer Déiere "perséinlech kenneléiere" konnten, huet den Här Weber am Kader vun der Presentatioun am LCE alle Schüler an hiren Titulairen am Numm vun de verloossenen Déieren nach emol e ganz grousse Merci fir hiren Engagement gesot, mat deem si e wäertvolle Bäitrag zum Déiereschutz leeschten.

De Kalenner ka fir 15 Euro am Sekretariat vum LCE kaaft ginn. Den Erléis geet integral un d’Diddelenger Déierenasyl (www.asile.lu).