Journée des Anciens am Lycée Classique d’Echternach


E Samschden, den 13. Oktober 2018 huet bei schéinstem Hierschtwieder déi 23. Journée des Anciens vum Iechternacher Lycée stattfonnt. Dësen Dag gouf vun der Amicale des Anciens an Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum LCE organiséiert. Fir d‘Editioun 2018 haten sech 620 Ancienë vun de Promotiounen 1952 bis 2018 ugemellt. En Ancien ass souguer vum Ohio (USA) op Iechternach ugereest, fir seng Klassekomeroden erëmzegesinn.


D‘Journée des Anciens ass net nëmmen en traditionellt Fest vun der Schoulgemeinschaft vum LCE, mee och e Moment vun der Erënnerung un déi verstuerwe Memberen. Sou gouf dee Moie beim Monument aux Morts am Iechternacher Kolléisch vum Direkter Henri Trauffler un d‘Schüler an d‘Enseignanten erënnert, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn. D‘Madamm Christiane Diedenhofen huet dobäi d‘Sonnerie aux Morts gespillt.

 

No dësem feierleche Moment goung et an den Trifolion, wou sech no a no d’Ancienë afonnt hunn. A senger Usprooch huet den Henri Trauffler en Abléck an d’Reform vum ESG an en Iwwerbléck iwwert Neierungen am  LCE an de leschten dräi Joer ginn: Time out, Classe Mosaïque, ... si nëmmen e puer vu ville pädagogesche Projeten am Iechternacher Kolléisch. Den Direkter huet drop verwisen, dat een déi dynamesch Entwécklung vum LCE all Dag op der Internetsäit (www.lce.lu) an am ANNO, der Chronik vum Lycée, verfollege kann, huet awer och bedauert, datt d‘Schüler nach ëmmer net an der Sportshal, déi hinne viru Jore versprach gouf, turne kennen. 

Duerno hu fënnef Ancienë aus dem Iechternacher Kolléisch ënnert dem Titel NOMEN EST OMEN an engem lockere Staminee’s Gespréich hir Kolleginnen a Kollege flott ënnerhalen. De Georges Calteux, den Ali Casel, de Luss Lengler, den André Schroeder an de Luc Santer hunn Eechternoacher Geschicht(en),  Spëtznimm, Spiichte vu Professeren a Schüler, Lidder a schrulleg Anekdoten zum beschte ginn. Den Zeenario an den Arrangement vun den Texter war vum Luss Lengler. Da Ganzt gouf mat enger Projektioun vu Fotoen (zesummegestallt vum Ed Schintgen) an Dronebiller vun Iechternach (opgeholl vum Claude Weber) ënnermoolt. Ënnert der Leedung vun de Museksproffe vum LCE hunn de Proffechouer, de Primanerchouer a Musikanten aus der Schoulgemeinschaft ënnert anerem, d’Abteilidd, déi inoffiziell Hymn vum LCE, gesongen. 


Nom Aperitif am Trifolion ass déi ganz Gesellschaft am Cortège zu de Kläng vun der „Flammerole“ an de Lycée gaangen. Am Spigelsall, am Kräizgank an och an den zwee Refectoiren huet d’Equipe vum Restaurant Steinmetz vu Bech den Ancienen e gudde Menü zerwéiert. Dobäi ass beim Austausche vu Souveniren a Spiichte vill gelaacht ginn. D’Ancienë hu sech besonnesch gefreet, datt si vum OTIUM, dem Gaart vum Kräizgank, dee bis d’läscht Schouljoer fir Schüler tabu war, dee Mëtte gutt profitéiere konnten. 


Den eigentlechen Ofschloss vun dësem Dag sollt d‘Uschloe vum Béierfaass sinn, dat d’Amicale des Anciens am Schoulhaff offréiert huet. Mee fir vill Ancienë war et just d’Prélude vun engem laange lëschtegen Owend, deen an de Bistroe vun Iechternach säin Ofschloss fonnt huet.  


NB : Déi nächst Journée des Anciens ass fir de 16. Oktober 2021 programméiert. Avis aux Anciens ! (AS)