Musik vereent

Dat hunn Jugendmusiken vun Iechternach a Foulscht bewisen. Den Ofschloss Concert vun hirem Stage war den 13. Abrëll zu Iechternach am Spigelsall vun der Abtei. Viru bal 100 Léit hunn déi jonk Musikanten(Inen) ënnert der Leedung vum Sebastien Pesch (Iechternach) a Pol Wio (Foulscht) hiert Können mat Bravour virgedroen. Um Programm : Uma Thurman, The King of Pop, Transformers, Ouverture for a frog, Cheerleader, Counding Stars, Cloudius der Wolkenmann an The Marches of John Williams. Réischt no dräi Zugaben konnten Si dunn Bühn verloossen. Ufro fir zesummen ee Stage ze organiséiere koum am September vun Iechternach. Am Januar stoung dunn de Programm. 13 Musikanten(inen) vun den HarMunEch Hämelmausbléiser, an 21 vun der Jugend Musik vu Foulscht waren zesumme vum 11.04. - 13.04.2018 an der Fiels um Stage. Dirigente waren den Sebastien Pesch an de Pol Wio. Betreit goufen déi Jonk vu Julie Braun, Alissa Franz, Diane Koch, Caroline Garcon, Catherine Wio, Joanne Wio a Laure Wio, alles Musikantinen aus deenen zwéi Veräiner. All Bedeelegt war Freed an Zefriddenheet am Gesicht ze gesinn. An Jugend ze investéiere lount sech ëmmer, well Si sinn Zukunft vum Veräin. Hei nach e puer Gemeinsamkeeten : Déi Iechternacher Musik huet 75 Musikanten(inen), an déi Foulschter der 76. Den Duerchschnëttsalter bedréit 34 Joer zu Iechternach an 33 zu Foulscht. Den Alter vun de Musikanten(Inen) béi deenen zwou Musiken ass och bal Identesch. Et fänkt bei 9 Joer un an geet bis 84 Joer. Do geséit ee Jonk an Al zesumme musizéieren.