Foulschter Gesank & Friends in Concert 2023

De Foulschter Gesank huet zesumme mat engem Kanner a Jugendchouer, an de «Friends» de Wormer Gesank, virun engem volle Sall ze begeeschtere gewosst. De Kanner a Jugendchouer deen Zuschauer begeeschtert huet, krut ee riesen Applaus an och direkt eng Zugab gefrot. Duerno goung et weider am Programm mat de Foulschter Cantores ënnert der Leedung vum Claire Garçon-Wio, begleet vum Jos Majerus um Piano. Duerch de Programm hu mat vill Charme a Witz Caroline Garçon a Christine Lallemand gefouert.

No der Paus koumen Nolauschterer an de Genoss vun zwee Solisten, der Dirigentin vum Wormer Gesank, dem Stephanie Schlink, an dem Kevin Massinon vum Foulschter Gesank, déi zesummen een Duett gesongen hunn. Um Applaus huet een héiere wéi dat den Nolauschterer gefall huet. Duerno war et de Wormer Gesank, deen de Leit ee musikalische Genoss gebueden huet. Begleet goufe Si um Piano vum Luc Rollinger, op den Drums Olivier Biver an um Bass de Laurent Kohn.

De Foulschter Gesank invitéiert Iech dann och op séi Chrëschtconcert de 17. Dezember um 17.00 Auer op Foulscht an d’Kierch.

(Fotoen LR/Text ML)