Positive Réck- an Ausbléck

De Foulschter Gesank hat op seng ordinär Generalversammlung agelueden, déi am Proufsall am Centre Culturel zu Foulscht statt fonnt huet.

No der Begréissung vun der Presidentin Martine Lallemand-Wio, huet de Sekretär Emile Salentiny iwwert d’Aktivitéite vum vergaangene Joer geschwat.

Aus dem Réckbléck geet Folgendes ervir:

Am Joer 2022 ware 45 Prouwen an zousätzlech 7 Regësterprouwe fir d’Dammen an och 10 Regësterprouwe fir d’Hären De Kommitee ass 3 mol zesummekomm. :Et sinn 3 Concerten a 6 Masse gesonge ginn. Des weidere war de Veräin um Fierkelsmaart mat engem Stand present. Participatioun.um kulinaresche Vëlo-Tour mat Apero-Statioun zu Foulscht am Centre culturel, an der Philharmonie de Luxembourg mat der Diddelenger Musek. Veräinsausflug op BAD KREUZNACH mat engem klenge Concert an der Mathäuskirche

Ongewëssheet besteet och fir 2023 bei de Massen.

De Programm fir 2023 :

Folgend Concert’en sengt de Foulschter Gesank zesumme mam Orchestre Philharmonique de Thionville an mat dem Choeur Amatys vu Yutz:

CONCERT AMERICAIN, 2. Abrëll am Théâtre de Thionville, 1. Oktober am Arsenal de Metz, am Hierscht an der Philharmonie zu Lëtzebuerg

Des weideren kenn Dir Si lauschtere goen: Den 20. Mee, sange Si tëscht 18 an 21 Auer Stëmmungslidder um ING-Marathon; 14. Oktober weltleche Concert: Foulschter Gesank & Friends in Concert; 17. Dezember Chrëschtconcert zu Foulscht an der Kierch.

De Keessier, John Kaufmann krut eng mustergülteg Féierung vun de Kontebicher, vun de Keeserevisoren. bestätegt. D'Zukunft kann de Foulschter Gesank mat engem gudde finanzielle Polster ugoen.

Et spiert een de Choristen hir Satisfaktioun beim Sangen, esou de Luef vun der Dirigentin Claire Garçon-Wio.

No der fräier Aussproch, an dem Schlusswuert vun der Präsidentin, ass den Owend mat Schnittercher an engem Patt ofgeschloss ginn.

De Veräi besteet aus 36 Memberen , an zwar 19 Dammen an 17 Hären. Am Laf vum Joer koumen 3 Damen an 2 Männer bäi. Den Altersduerchschnëtt vum Gesank ass 51 Joer.

De Komité setzt sech folgendermoossen zesummen: Presidentin: Martine Lallemand-Wio, Sekretär: Emile Salentiny, Keessier: John Kaufmann, Memberen: Pascal Garçon, Renée Kaufmann-Berens, Christine Lallemand, Michel Lallemand, Joëlle Mergen-Beaudeux, Maisy Unsen-Mehlen.