Ee musikalesche Genoss, Galaconcert 2023 vun der Foulschter Musik

Di ronn 450 Museksfrënn, déi der Invitatioun vun der Foulschter Musik fir hir Galaconcert‘en 2023 nokomm waren, goufen nit enttäuscht. Ënnert der Leedung vun hirer dynamescher Dirigentin Laurence Steichen hun di 65 Musikanten-inne vun der Foulschter Musik di verschidde Musikstecker mat Bravour interpretéiert. Och de Jugendensembel huet bewisen, dat jong musikalesch Talenter de Fortbestand vun der Musik vu Foulscht garantéieren. Duerch den Owend, dee fir all uweesend Leit e musikalesche Genoss war, huet de Paul Lallemand fachmännesch geleet.

De President André Wio huet allen Éieregäscht, Sponsoren an Nolauschterer Merci gesot fir hir Presenz an Ënnerstëtzung, an all Musikanten-inne mat hirer Dirigentin fir déi exzellent Leeschtung vun dësem Galaconcert gelueft.

Musiker mat hirem Chef si vun dem begeeschterte Publikum eréischt no zwou Zugabe vun der Bün entlooss ginn.

Duerno, bei Schnittercher an engem gudde Patt ass bis an de fréie Moien zesumme gefeiert ginn.

Fotoen : Fränk Henkes