Septimanerrallye am LCE


Bei beschtem Hierschtwieder hu no der Rentrée all d‘Septimaner vum LCE zesumme mat hire Regenten an Enseignanten un engem flotte Rallye an a ronderëm den Iechternacher Kolléisch deelgeholl. Dobäi konnten déi verschidde Klassenteams Rätsel léisen, Teambuilding-Spiller maachen an en LCE-Unhänger bastelen. Op deene verschiddene Statiounen hu si zesummen hier nei Schoul entdeckt an d’Personal vun de Servicer kennegeléiert. 


Dertëscht hunn d’Septimaner de Membere vum Grupp Pâtres et Moine, déi hinnen op den eenzelen Etappen Interessantes iwwert d’Geschicht vun hirer Schoul verzielt hunn, andächteg nogelauschtert. Dës Informatioune hu si gebraucht, fir de Froebou auszefëllen, dee mat an d'Bewäertung vun all Grupp agefloss ass. 


Owes kruten d’Eltere e Patt vun der Direktioun vum LCE offréiert. Dëst war fir d’Elteren eng flott Geleeënheet fir de Regentë vun hire Kanner ze begéinen.