The Color Run zu Iechternach

Et war ganz vill lass ronderëm dem Iechternacher Séi. An iwwerall wou ee gekuckt huet, huet een Faarf gesinn.Dat war einfach fantastesch.
Iwwert 3000 Leefer haten sech afonnt fir beim Color Run 2015 mat ze maachen. Schonns befiert et lass gaangen ass - et waren 6 Starten mat all kéiers ca 300 Leit - waren déi meeschten mat faarwegem Pudder bemoolt. Op der Streck sinn si nach méi fuerweg ginn an op der Arrivée ass de Spaass dann esou richteg lass gaangen. Et gouf eppes ze drénken an dann ass et an de Village gaangen wou fir eng Bommestëmmung gesuergt ginn ass. Musek, Animatioun a Stëmmung pur. Jiddereen huet matgemaach a Faarf ass iwwerall dorëmmer geflunn. Um Enn ass et nach besser ginn, d'Leit kruten nach eng naass Erfrëschung aus dem Schlauch wat keen gestéiert huet. D'Wieder huet och matgespillt an esou huet een beim Organisateur a bei de Participanten nëmmen zefridden a glécklech Gesiichter gesinn. Dat war een Event deen d'Leit brauchen an deen alles anescht an de Vergiess geschéckt huet. Tip Top an nëmmen ze empfeelen.