Mat engem Gottesdéngscht huet d'Gemeng Ierpeldeng-Sauer den 10. Oktober 2025 den nationale Commemoratiounsdag geéiert.
Duerno sinn d'Gemengevertrieder ënner Begleedung vun der Concordia Ierpeldeng an den Awunner op de Kierfecht gaang a mat engem Kranz un déi Verstuerwen ze gedenken. D'Malou Storck an de Buergermeeschter Claude Gleis hunn an hire Rieden ënnerstrach datt erënneren net nëmme bedeit, d’Vergaangenheet ze éieren mee och d'Fräiheet wéi mer se haut kennen ze schützen a weiderzedroen.
D'Concordia Ierpeldeng huet den Dépôt vun der Gerbe beim Monument mat der Heemecht an der Sonnerie solennelle würdeg begleet.