Grouss Botz zu Ierpeldeng-Sauer

Ierpeldeng-Sauer, äifreg Leit vun der Gemeng mat Bewunner aus dem ALA hu sech den 23.Mäerz zu Ierpeldeng mat der Amicale zu Bierden getraff fir den Offall laanscht d’Stroossen an op de Feldweeër opzerafen. Den Dag virdru wären d’Kanner vum Enseignement Fondamental an der Gemeng ënnerwee gewiescht.

Als Merci gouf et duerno fir Kleng a Grouss ee Maufel z’iessen an ee Patt ze drénken. De Samschdeg drop sinn déi Angelduerfer op Initiative vun den Pompjeesfrënn op den Tour gaang fir hiert Duerf propper ze kréien.