D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 17. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.
Programm vum Dag:
Marche populaire (7-13 Auer)
- Summerfest (11-18 Auer): Mat musikaleschem Programm, verschidden Iess- a Gedrénksstänn Kreativateliers fir Grouss a Kleng an Tombola.
- Discotisme (15-18 Auer): dëst ass een Event wat vun Autisme Luxembourg a.s.b.l. an d’Liewe geruff gouf. Et ass eng Disco fir Leit mat oder ouni Beanträchtegung.
Navette: vum Parking Aloyse Meyer zu Esch op den Nossbierg (10:30 - 18:30)