Ee grousse Merci un de Zonta Esch-sur-Alzette fir hiren Asaz géint Excisioun

Um Weltdag « Null Toleranz géintiwwer weiblecher Genitalverstümmlung / Excisioun, en Dënschdeg, de 6. Februar 2024, huet de Zonta Esch-sur-Alzette eng Remise Chèque organiséiert fir d’Projete vun der Fondation Follereau Luxembourg.


Dat war d’Geleeënheet fir iwwer d’Aktivitéite vun der Fondation Follereau ze schwätzen a mat de Membere vun dem Zonta ënner der Presidence vum der Madamm Danièle Lucius ze diskutéieren. Duerch den Asaz vun den Damme konnte 5.000 € vun de Recettë vun hirer Chrëschtaktioun gesammelt an un de Projet géint Excisioun vu Fraen a jonke Meedercher am Burkina Faso gespent ginn. Och wann Excisioun am Burkina Faso formell duerch ee Gesetz verbueden ass, gëtt et an den Dierfer nach ëmmer vill Communautéiten, déi dës Praxis als néideg gesi fir datt e Meedche ka bestuet ginn. D’Fondation Follereau schafft mat hire lokale Partner souwuel un der Opklärungsaarbecht, datt et zukünfteg net méi gemaach gëtt, wéi un der Ënnerstëtzung vun de Fraen déi Opfer vu weiblecher Genitalverstümmlung gi sinn.


Eis grouss Unerkennung geet un d’Damme vum Zonta Esch-sur-Alzette fir dësen Asaz an déi vill Aarbecht, déi domat verbonnen ass.

Fondation Follereau Luxembourg – info@ffl.lu – 44 66 06 1