Scheckiwwerreechung bei Soroptimist International

Esch / Uelzecht – D’Membere vu Soroptimist International Club Esch / Uelzecht hunn der Presidentin vun der Lëtzebuerger Unioun vu Soroptimist International, der Mme Maggy Berckes, e symbolesche Scheck iwwerreecht. 2016 si 4000 Euro un d’Unioun iwwerwise ginn, déi dozou geduecht waren, de Lëtzebuerger Projet ze ënnerstëtzen. Mat de Suen, déi am Laf vun der Aktioun zesumme koumen, war et méiglech, zu Klierf en Appartement ze kafen, dat als Wunneng fir Frae mat Kanner, déi Affer vun häuslecher Gewalt goufen, verlount gëtt. D’Mme Berckes huet de Membere fir hire Geste Merci gesot an d’Detailler zum Projet erkläert.