Scheckiwwerreechung bei Soroptimist International

Esch / Uelzecht – Viru kuerzem hu sech d’Membere vu Soroptimist International Club Minett a Club Esch/Uelzecht bei engem gemittlechen Iesse getraff, fir e Scheck ze iwwerreechen. Een Deel vum Erléis aus de Bichermäert, bei deene gebrauchte Bicher gënschteg verkaaft gi sinn, ass dem Fonds Soroptimist iwwerwise ginn. Mat 4900 Euro gëtt eng kleng Familjenentreprise an de Marken / Italien ënnerstëtzt, déi Pastazoossen a Gebeess produzéiert. Beim Äerdbiewen 2017 ass hir Maschinn, déi d’Aweckglieser desinfizéiert an hermetesch verschléisst, zerstéiert ginn. Duerch den Don kann déi Maschin ersat ginn, sou datt d’Firma ënnert bessere Konditiounen nees schaffe kann. PR