Scheckiwwerreechung vum 1. Hobbynuetsmaart Esch/Sauer

Fir den Erléis vum 1. Hobbynuetsmaart vum 06.08.2022 ze verdeelen , huet de Comité Hobbynuetsmaart asbl all d’Veräiner, déi gehollef hunn dat Fest ze verschéineren, de 16.11 op eng flott „Scheckiwwerreechung“ an d’al Schoul zu Esch/Sauer agelueden.

No enger kuerzer Usprooch vum Ron Streumer, President vum Comité Hobbynuetsmaart asbl war et um Eliane Lothritz, Member vum Comité Hobbynuetsmaart a Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl , fir méi am Detail op dësen 1. Hobbynuetsmaart anzegoen. Wéinst dem groussen Succès ass decidéiert gi fir en 2. Hobbynuetsmaart de 05.08.2023 ze organiséieren an d’Veräiner sinn elo schonns ugeschwat ginn, ob si Intressi hunn fir och 2023 erëm matzemaachen.

Duerno huet de Marc Binsfeld, Caissier vum Comité Hobbynuetsmaart asbl de Vertrieder vun de verschiddene Veräiner e symbolesche Scheck iwwerreecht.

Den Owend gouf mat engem Patt an engem Häppchen a mat flotte Gespréicher ofgeschloss. Mir soen all de Bedeelegten Merci fir hir Mathëllef:

Chorale Eschduerf, Chorale Heischent, Club des Jeunes Esch Sauer, Entente Merscheid , FC Heischent, Jongen a Meedercher Heischent,

Keeleclub Eschduerf, Musek Eschduerf, Photostuff asbl, Syndicat d'Initiative Esch Sauer, Tennis Heischent.

De Comité Hobby Nuetsmaart asbl:

Jean Claude Benick, Claudio Berardi, Marc Binsfeld, Luc Freichel, Patrick Gleis, Marcel Gras, Rom Grethen, Eliane Lothritz, Ronald Streumer.

(Foto Esch/S:J.Cl. Benick)