Grousse Succès beim 1.Walfer Konscht- an Hobbymaart

Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l. hat e Sonndeg de 6.7.2014 op den 1.Konscht- an Hobbymaart invitéiert an den Erfolleg sollt net ausbleiwen. Méi wéi 2000 Leit hate vun 10 Auer un de Wee op Walfer fonnt.
Am Centre Culturel, an der Hal 3 a ronderëm de Centre Culturel waren iwwer 130 Aussteller. mat méi wéi 50 verschiddenen Hobbien.
Un Animatioun huet et net gefeelt, esou war muerges e Concert Apéritif vun der Philharmonie Préizerdaul a nomëttes hat de Walfer Ballet en Optrëtt. Am Laf vum Nomëtteg huet den Duo Les Copains fir musikalesch Stëmmung gesuergt.
Déi ugebueden Atelieren ( Glitzertatoo, Airbrush, Holz, Metall, bitzen, drechselen, Mosaik, Specksteen) ware gudd besicht an de Märcherallye huet net nëmmen déi Kleng begeeschtert. D´Stater Schmatten hunn op der Plaatz geschafft an et goufen och Virféierungen am Edelstengschläifen. Bei engem Rondgang konnt den Här Guy Arend, député maire vu Walfer, sech vun der Vielfalt vun Hobbien an vun der Qualitéit déi ugebuede gouf, iwwerzeegen. Och huet hie sech positif geäußert fir eng nächsten Editioun vum Walfer Konscht- an Hobbymaart an a senger Ried sot hiet, dass dëse Maart Bestand zu Walfer soll kréien. All denen, déi dëst Joer net op Walfer konnte kommen, soe mir elo schon dass fir 2015 eng zweeten Editioun vum Walfer Konscht- an Hobbymaart.geplangt ass.