50 Joer Voyages Unsen- Schecken iwert 10 050 Euro fir gut d'Zwecker iwerreecht

Sou wie den Guy Unsen, Junior-Chef vun Voyages Unsen am Kader vun der Scheckiwerreechung dese Mëttwoch, am Sëtz vu Voyages Unsen zu Eischt betount huet , huet d'Firma Unsen dest Joer als renge Familiebetrieb hirt 50 Joer Bestoen gefeiert. De 15 Mee, op der Porte Ouverte waren méi wéi 2 500 Besucher komm, déi vun de Leit vun der Firma, an de Veräiner vun den Nopeschdierfer zervéiert goufen, an sech och spontan bereet erklärt hun, den Erléis vum Dag un Hëllefsorganisatiounen weider ze gin. Esou koumen 6 000 Euro zesummen. Den 28. Oktober, den Dag vun der eigentlicher Geburtstagsfeier vu Voyages Unsen koumen nach ee Mol ronn 4 000 Euro derbéi an déi Zomm gouf dunn duerch ee Geste vun der Firma Voyages Unsen nach no uewen opgeronnt. Esou konnten die Verantwortlech vun den Hëllefsorganisatiounen: Parkinson Lëtzebuerg, Fondatioun kriibskrank Kanner an Médecins sans frontières- Luxembourg je ee Scheck iwert 3 350 Euro entgéinthuelen. No hirem MERCI, hun di verschidden Organsatiounen hirt Aufgabegebiet kurz virgestallt, wou dess bedéitend Spenden och zum Asaatz kommen wärden.
Méi heivunner ass an de kommenden Deeg am L. Wort ze liesen.
( FOTO: CHAREL REISER)