90 Oldtimer - Trakteren stongen an der Reih


Iewerleng: De relativ jongen Veräin“ Ferguson Club Lëtzebuerg“ hat fir den zweete Weekend am September schon fir di 11. Kéier op hirt Trakterstreffen mat Grillfest op die Iewerlenger Millen agelueden. Ronn 90 leidenschaftlich Fans von Oldtimertrakteuren, ënnert hinnen auch etlich Besëtzer vun mi neien Modellen haaten sech ugemellt, fir beim desjährigen Treffen derbéi ze sin. Nit nëmmen historisch Trakteren hun schon Sammlerwert, och sin je no Modell a Baujoer schon engt klengt Verméigen, wert. No de Rondfaarten duerch di schéi Gewaan an Dierfer an der Gemeng konnt jidderreen sech dat deftigt Mëttegiessen gut schmaache loossen. Am Nomëtteg stongen di schéin restauréiert an och aaner originell Modeller dem Publikum zur Schau. Op der Motorbrems déi vun der Zapfwell ugedriwe gouf, huet den Motor vum Trakter Alles missen hiergin fir ze weisen wivill Power nach an him stecht. Dank den ausgezeechneten Wiederkonditiounen konnten Clubmemberen vun der dessjähriger Oplaag och ganz zefridde sin. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)