Gëschter hate mir eise Konveniat vun de Schüler déi 1961 an der Feels an d'éischt Schouljoer gaange sinn. Mir hunn elo all 70 Joer, sinn awer nach topfit.
Kulinaresch verwinne gelooss hu mir eis zu Esch-Sauer am Comte de Godefroy op der Terrasse.
Mir waren zu 7 Schüler mat an ouni Partner, 5 Schüler si leider schon net méi ënnert eis, 4 hunn aus deene verschiddenste Grënn gefeelt an eng Schülerin ass net erëm ze fannen.
Mir gesinn eis all Joer an de Wonsch ass geäussert ginn eventuell datt Schouljoer ënner eis an dat iwwer eis och mat ze invitéieren.
Sollten elo déi ugesprache Schüler hei mat liesen, esou wier et flott wann dir Iech gifft bei mir mellen.