Konveniat vun den Éischtklässler aus dem Joer 1961 an der Fiels

Viru 60 Joer si mir zesummen an der Fiels an d'éischt Schouljoer gaang.

Dëst war ee Grond fir déi fréier Schoulfrënn op ee Konveniat anzelueden.

Mir waren 1961 zu 17 Schüler, 5 dovunner sinn net méi ënner eis, 5 waren deen Dag verhënnert, eent wunnt am Ausland, esou datte mir eis Bei den Zwillingen um Beelenhaff zu 6 fréier Schüler mat eise Partner begéint hunn.

Bei engem gudde Patt a Maufel sinn esou allerhand Spiichten aus der gudder aler d'Zäit op d'Tapéit komm a vill ze séier ass den Owend vergaang, awer net ouni eis d'Verspriechen ze ginn, eis an engem Joer erëm ze begéinen.