85 Joer, Gisella Patat-Cargnelutti, Aangelsbierg

Den 28. Mee huet de Schäfferot aus der Gemeng Fëschbech, de Buergermeeschter Frank Daems mat senge Schäffe Patrick Grotz a Luss Brosius, der Madame Gisella Patat-Cargnelutti, fir hir 85 Joer gratuléiert.

D’Madamme Patat ass den 20.Mee 1933 zu Gemona an Italien op d’Welt komm. Si ass mam Leonardo Patat bestuet ginn a si koumen 1962 op Lëtzebuerg, wou si fir d’éischt zu Miersch gewunnt hunn. Säit 1965 wunnen si zu Aangelsbierg, wou si en Haus kaaft hunn. Am Joer 1977 ass hire Mann vill ze fréi gestuerwen.

Aus dësem Bestietnes sinn 3 Kanner ervir gaangen, d’Cesira, de Guiseppe an d’Anna-Lydia. Zesummen hunn si hirer Mamm 8 Enkelkanner a 4 Urenkel geschenkt.

Mat dem Wonsch nach vill Joren an der Mëtt vun hirer Famill ze verbréngen, ass dës kleng Gebuertsdagsfeier bei engem gudde Glas Crément ausgeklongen.