Eise Patrimoine, Gemeng Fëschbech

Gebaute Kulturgüter an eiser Gemeng

Nodeems de Service des Sites et Monuments Nationaux vu Februar bis Oktober 2017 en Inventaire vun allen alen a schützenswäert Gebaier a Monumenter an der Gemeng Fëschbech duerchgefouert huet, haten si zesumme mam Kulturministère an der Gemeng op en Informatiounsowend agelueden. Den 08/05/2018 hu sech deemno ganz vill intresséiert Leit “Op der Héicht” afonnt fir gewuer ze ginn wat fir eng Gebaier an eisen Dierfer extra wäertvoll sinn.

No der Begréissung duerch de Buergermeeschter Frank Daems an enger kuerzer Erklärung zum Inventar vum Staatssekretär Guy Arendt, hunn d’Damme Christina Meyer a Stéphanie Toussaint ofwiesselnd d’Methodik vum Inventar, d’Kritären an d’Objekter virgestallt.

D’Basis vun dësem Inventar ass den Urkadaster vun 1824 deen duerch verschidde Quellen aus den Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik an/oder privaten Archive vervollstännegt ginn ass. An eiser Gemeng si 97 Gebaier a Monumenter, virun allem Weekräizer, analyséiert ginn. Dovun si 26 Gebaier a 50 Denkmaler als schützenswäert agestuuft ginn well se d’Kritären erfëlle vun Authentizitéit, Seelenheet, Industrie- an Handelsgeschicht, Sozialgechicht oder einfach well se Ortstypisch sinn.

Ganz intressant waren déi verschidde Photoe vun de Gebaier an Erklärungen zu de Nimm, Flouernimm oder och firwat sou ee Kräiz grad do steet an u wat et soll erënneren. Intressant och puer Zuelen. Sou sinn an der Zäit vun 1824 – 2017 zu Fëschbech 51% vun de Gebaier verschwonnen/ofgerappt ginn an 28% sinn erhale bliwwen, zu Aangelsbierg fënnt ee näischt méi vun 38% awer 31% sinn erhalen an zu Schous feelen 42% a 25% si nach do. Erstaunlech och de Fait dass Kéideng a Weyer fréier “richteg” Dierfer waren. Zu Kéideng sinn ¾ vun de Gebailechkeete fort, just 13% stinn nach. Weyer dogéint hat mol no bei 200 Awunner a besteet haut just nach aus 3 Häff!

No dem ganz flotte Virtrag huet d’Gemeng op den Éierewäin agelueden. Ganz ausféierlech Detailer zu dem ganzen Inventar fënnt een an engem Buch vum Service des Sites et Monuments dat een deen Owend konnt mathuelen awer och nach op der Gemeng zu Fëschbech kréie kann.

Text: Laurence Anciaux / Fotoen: Ren Spautz