D’Madame Wies-Neuhengen huet hir 90 Joer gefeiert.

D‘Madame Wies-Neuhengen Adèle vu Kéideng huet elo UIfank Februar hir 90 Joer gefeiert. Si ass de 5. Februar 1928 zu Esch/Uelzecht op d'Welt komm. Si war datt eelste vu 7 Kanner.

Viru 65 Joer, de 27. Dezember 1952 ass si de Bond fir d'Liewe mam Nicolas Wies agaang, e Bestietnis, wat leider kannerlos bliwwen ass. Zesummen hu si zu Kéideng e klenge Bauerebetrib bewirtschaft, bis datt si virun 30 Joer dëse Betrib agestallt hunn.

Den 30. Oktober 2001 ass hire Mann gestuerwen. D'Madame Adèle Wies-Neuhengen ass trotz hirem héijen Alter nach ëmmer bei beschter Gesondheet, mécht hire Stot nach eleng a geet mat grousser Freed véiermol an der Woch an d'Fiels an de Foyer du jour vun Hëllef Doheem.

De Schefferot aus eiser Gemeng, mam Buergermeeschter Fränk Daems a sengen zwee Scheffen, de Patrick Grotz a Luss Brosius, huet sech et net huele gelooss an huet der Jubilarin mat engem schéinen Blummenarrangement, gratuléiert.