Grouss Botz

De 24. Mäerz war an der Gemeng Fëschbech d’Grouss Botz. Organisateur war d’Ëmweltkommissioun zesumme mam techneschen Déngscht aus der Gemeng.

Et haten sech ewéi all Joer vill Bierger afonnt, 25 Kanner, 52 Erwuessener a 4 Muppen. All si se adequat ekipéiert ginn a scho konnt et lass goen.

Et ass vill Dreck agesammelt ginn, et muss ee sech dozou Froe stellen, wat fir ee Verhältnes gewësse Bierger zu hirer Natur an Ëmwelt hunn.

Owes ass et als Belounung ee Maufel am Veräinshaus z’iesse ginn.