D'Joergäng vun 1940 bis 1958 hun sech erëm gesin

D’Joergäng vun 1940 bis 1958 hun sech erëmgesin

Uerwerfeelen: Zënter 1978 treffen sech di fréier Schoulkomerodinnen a Schoulkomeroden, déi zu Uewerfeelen an d’Primärschoul gaange sin. Hun di schéin Treffen di läscht Joeren nach all fënnef Joer stattfond, esou ass den Entschloss gefaast gin, fir den Zäitraum op dräi Joer mat de Joergäng vun 1940 bis 1958 ze verkierzen. Dest Joer waren der Invitatioun vum Christianne Mergen, dem Sylvie Trauffler an dem Charel Reiser nit manner wi 26 Schoulkomeroden, nokomm. Um Sonndeg de Moien vum 30. Abrël stong als alleréischt eng ganz interessant Besichtigung vum Feelener Betrib „Agrotechnic „ um Programm, wou de Claude Wagner säin modernen Betrib, den eng Vielsäitigkeet vun Arbechtsgeschier fir d’Landwirt- a Forstwirtschaft, niewt mi klengen Maschinen fir de private Gebrauch ëmfaast, am Detail erklärt huet. Duerno war et fir de Buergermeeschter Fernand Mergen eng besonnësch Éier fir zesummen mat sengem Schëffen- Gemengerot di positiv a rasant Entwëcklung vun der Gemeng Feelen mat sengen Zukunfsprojeten ze erklären an der symphatischer Gesellschaft och den Éierwäin unzebidden. Beim gemeinsamen Mëttegiessen am Restaurant- Brasserie am Hennesbau, huet jidderren sech den deftige Menü och ganz gut schmaache geloos. Wärend e puer geselliger Stonnen a flotter Gesellschaft sin vill schéin Erënnerungen aus der onvergiesslicher Jugend- a Schoulzäit nees opgefrëscht gin. Dobéi sin och di vill Fotoen an Albumen vun all denen Konveniatsjoeren säit 1978 bis haut mat ganz vill Interessi gekuckt gin. An enger Minut vun der Stëll ass och un di 20 verstuerwen Komeroden mat de fréieren Schoulmëschteren Marcel Konsbrück an Robert Bourkel erënnert gin. Beim Abschid waren all sech eens, am Joer 2026 nees derbéi ze sin. (CR) (Foto: Charel Reiser)