Nei Gefierer fir den Technischen Service offiziell ageweiht

Am Kader vun enger Feierstonn sin die nei Gefierer, di am Zäitraum vun 2019 bis 2023 fir den Technischen Service vun der Gemeng Feelen viru kuurzem offiziell ageweiht gin.
Uschléissend D'Wieder vum Buergermeeschter Fernand Mergen vun deser Feier.

Am Numm vum Schäffen a Gemengerot begréissen ech Iech ganz häerzlech hei op eiser Aweiungsfeier vun eisen neie Gefierer a Maschinnen, déi mir eis an de leschten 3 Joer ugeschaaft hunn.

Duerch de Covid war et eis leider net méiglech dat an der Vergaangenheet ze maachen.

Déi 8 Gefierer a Maschinne well ech Iech elo kuerz virstellen:

2019 hu mir een neien Trakter vun der Mark Valtra geliwwert kritt. Den Trakter hu mir bei der Firma Agrotechnic zu Feelen kaf.

2020 hu mir eng 3,5 t-Camionnette mat 3-Säitekipper vun der Garage Wengler vun Ettelbréck geliwwert kritt. Den Opbau ass duerch d’Firma Dostert vu Biissen gemaach ginn.

2020 ass fir eis Techniker een neien Auto Tout-Terrain vun der Mark Dacia Duster beim Garage Thommes vun Hiefenech kaaft ginn.

2021 ass e Minibagger kaaft gi, geliwwert vun der Firma Mako vum Rouscht.

2022 ass en neie klengen Trakter fir de Service Vert bei Cloos et Kraus vum Rouscht kaaft ginn.

2022 ass dann och en neie 5,5 t-Camion mat 3-Säitekipper ugeschaaft gi fir eise Steemetzer. Den Opbau ass vun der Firma Roemen a geliwwert huet Merbag vu Leideleng.

2023 ass een neie Schoulbus kaaft gi fir d'Maison Relais, d'Crèche an d'Schoul. D'Firma Roemen vu Kielen huet den Abau vun de Setzer gemaach a geliwwert huet Merbag vu Leideleng.

2023 ass eng nei méi grouss Camionnette fir de Service Waasser ugeschaaft ginn. Dës ass geliwwert ginn duerch Merbag vu Leideleng an d'Ariichtung bannen ass vun der Firma Nord Parts vun Uewerfeelen gemaach ginn.

Zum Schluss well ech alle Firme Merci soe vir déi gutt Zesummenaarbecht.

E Schnittchen mat engem gudde Patt huet dess Feier ofgeschloss. (Foto: Charles Reiser)