Gaard an Heem Felschdreff


E Freideg den 1. Februar huet de Gaart an Heem vu Fëlschdref seng Generalversammlung ofgehalen . Bei där Geleeënheet goufen och déi Memberen belount déi bei Village Fleuri e Präis gewonnen hunn, sief et fir hir schéin beplanzte Virgäert, Balconen oder Fënsteren. Bei engem sëffege Patt, offréiert vun der Gemeng Duelem, a Schnittercher, mat Léift preparéiert vun den Dammen aus dem Comité , ass dësen Owend a flotter Gesellegkeet op en Enn gaangen.