21 Stäresänger als Botschafter vum Fridden an der Gemeng Fëschbech ënnerwee

Mat Krounen, Kinniksgewänder, Engelstuniquen a vill Freed hunn 21 Kanner aus der Gemeng Fëschbech sech de 5. Januar als Stäresänger op de Wee gemat. Se hunn den Awunner, déi sech fir d’Aktioun ugemellt haaten, fir d’Neit Joer gewénscht an hinnen op Wonsch hier Haiser mam Seegenssproch 20* C+M+B+ 20 geseent.

Nom Kenia (Projet Waasser), dem Bénin (Projet Opbau vun enger Bibliothéik) an dem Peru (Projet: Emgang mat besonnesche Mënschen, déi eng Behënnerung hunn) wor et dëst Joer de Fridden am Libanon an op der ganzer Welt, deen am Mëttelpunkt vun der Aktioun stoung.

Wat Fridden heescht, wou de Libanon läit a firwat grad de Libanon erausgesicht gouf, daat kruuten d’Kanner an der Préparatiounsversammlung am Dezember erklärt. D’Kanner konnten e Film iwwert d’Liewenssituatioun dohannen kucken a si gewuer ginn, datt d’Land am Noen Osten vill syresch Flüchtlingsfamillen a Réfugiéscampen logéiert, well am Nopeschland Syrien Krich ass.

Ma wéi entsteet Krich, wéi ass et wa Leit wéint engem Krich aus hierem Land musse fortlaafen, a wat kann ee selwer fir de Fridde maachen, daat woren nëmmen e puer aaner Froen mat deenen d’Kanner sech am Virfeld vun der Aktioun beschäftegt hunn.

Den Dag vun der Aktioun selwer hunn d’Kanner sech am Veräinsbau zu Schous fir eng kuerz Cérémonie d’envoi getraff. De Kaploun Tristan Häcker huet d’Kanner offiziel op de Wee geschéckt an huet a sie an d’Material, dat bei der Aktioun an den Asaatz koum, geseent.

Bei hierem Tour duerch d’Gemeng konnten d’Stäresänger villen Awunner eng kleng Freed maachen an hunn 1.311,6 € fir de Projet am Libanon gesammelt. Missio, dat ass d’Organisatioun déi d’Stäresangen koordinéiert, betreit dohannen an Zesummenaarbecht mat aaneren caritativen Organisatiounen eng Reih Projets an deenen d’Kanner egal vu wéi enger Natioun a Relioun oder Kultur materiell ënnerstëtzt ginn. Donieft organiséiren dës Partner Ateliers an deenen daat friddlecht Zesummeschaffen an Zesummeliewen geübt gëtt.

Um Enn vun deem laangen Dag hunn d’Kanner sech et net entgoen gelooss, fir beim Senioreveräin an hieren Gäscht ze passéieren. Et wor eng grouss Freed, wéi d’Stäresänger hinnen e klenge Stännchen gesongen hunn. Géint der Owend hunn d’Kanner sech bei Schocki a Kuch gestärkt an hunn hier Séissegkeeten gedeelt.

Mir soen all de Kanner an hieren Elteren, déi sie bei dëser Aktioun ënnerstëtzt hunn Merci fir hieren Asaatz . Mir wéllen awer och alleguerten deenen, déi eis Stäresänger sou léif empfaang a mat Donen a Séissegkeeten belount hunn, fir hieren gudden Accueil merci soen.