D'Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous éiert hieren Dirigent John Daems

Op Liichtmëssdag huet d’Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous am Kader vun der Sonndesmass hieren Dirigent, de John Daems gefeiert, dee viru 40 Joer déi musikalesch Direktioun vum deemolege Chouer Bergesschall vum Gast Kemp iwwerholl huet.

Um Enn vun der feierlecher Mass huet de President vun der Chorale, Hubert Lanckohr, d’Wuert ergraff an huet de John Daems a seng Madame no vir gebieden. De President huet a senger Ried dem Dirigent sain expemplarescht Engagement fir d‘Chorale grad wéi fir déi ganz Pargemeinschaft gelueft. Als Merci fir seng trei Dingschter gouf dem John Daems eng Skulptur mam Numm Erfolgsspirale vum Kënschtler Gerard iwwerreecht, mam Message, datt hien mat Recht houffreg op seng Zäit um Dirigentepult zeréckkucken kéint. Nieft dem Dirigent huet d’Chorale awer och dem Chef seng Madame, d’Andrée Daems geéiert, well sie d‘Chorale an de Prouwen op der Uergel begleet an hiere Mann déi ganz Zäit iwwer a sengem Benevolat ënnerstëtzt huet . Als Unerkennung fir hier vill Méi kruuten déi zwee e Bong iwwerreecht, fir sech e puer Deeg am Elsass verwinnen ze loossen.

Den Dirigent John Daems huet a senger Usprooch e kuerze Réckbléck op déi 40 Joer um Dirigentepult gemat. An deene véier Jorzingten huet hien 9 Paschtéier gedingt a mat 5 Organisten/Organistinnen zesummegeschafft, ouni all déi Persounen ze vergiessen, déi an der Par ausgehollef hunn oder agespronge sinn wa Nout um Mann oder un der Fra wor. Wier d’Fusioun am Joer 2015 vun den zwou Chorallen an der Fëschbecher Gemeng och éischter eng „Vernunftshochzäit“ gewiercht, sou géing haut kee méi déi Décisioun vun deemols a Fro stellen an déi nei Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous kéint schon op vill flott gemeinsam Amenter zeréckkucken.

De Kaploun Tristan Häcker huet dem Dirigent fir seng vill Mériter félicitéiert an huet de Wonsch ausgedréckt, no 40 Joer am Beruff mat grad sou enger Leidenschaft a Begeeschterung dobai ze sinn a matrappen ze kënnen.

No der Mass huet d’Chorale nach op e Festiessen zu Eiren vum Dirigent invitéiert op deem den Dechen Félix Steichen zu Wuert koum an dem John Daems vu Säiten vun der Kierchefabrik e Cadeau iwwerreecht gouf.