Stäresänger an der Gemeng Fëschbech ënnerwee

D’Stäresängeraktioun, déi de 6. Januar op Dräikinniksdag fir déi drëtte Kéier an der Gemeng Fëschbech organiséiert gouf, stoung dëst Joer ënnert dem Motto « Verschidden an dach gläich »

Am Mëttelpunkt vun der Aktioun, woren dëst Joer Kanner mat enger Behënnerung. Missio finanzéiert zu Lima (Peru) en Haus an deem Kanner mat engem Handicap zesumme mat hiere Famillen betreit ginn.

Wou lait Lima? Waatfer Zorten vu Behënnerungen ginn et ? a Wéi kann een dëse besonnesche Matmënschen hëllefen ? , dat woren juste e puer Froen, mat deenen d’Stäresänger sech an der Préparatiounsversammlung beschäftegt hunn. Sie hunn donieft och nach Kostumer ugemooss an d’Familljemass fir Dräikinniksdag préparéiert.

No der Mass, an där d’Stäresänger an hiert ganzt Material geseent goufen, hunn d’Kanner sech verkleed als Kinniken, Hierden an Engelen op de Wee bei d’Awunner gemat. A klenge Gruppen hunn d’Kanner de Leit, déi sech virun der Aktioun ugemellt haaten, e klengt Lidd gesongen, hunn e Stär iwwerreecht an de Seegenssproch 20 * C + M + B + 19 un d’Hausdier geschriwwen oder gepescht. D’Stären , déi d’Kanner an den Haiser verdeelt hunn, goufen vu behënnerten Erwuessener, déi an engem Atelier vun der Arche zu Aywaille (B) schaffen extra fir deen Dag gebastelt .

Um Tour duerch d’Gemeng konnten d’Stäresänger mat hierem Asaatz 1.863,67 € sammelen a goufen vun de Leit donieft mat Séissegkeeten verwinnt. Mat de Suen ënnerstëtzen déi 24 fläisseg Kanner engersaits d’Haus « Yancana Huasy » zu Lima an aanersaits d’Arche zu Aywaille, déi hinnen d’Stäre fir d’Aktioun gestëft huet. Am Veräinsbau hunn d’Kanner hier grouss Freed mat de Gäscht vum Senioreveräin gedeelt an hunn hinnen mat engem klenge Stännchen fir d’neit Joer gewénscht an e klenge Souvenir iwwerreecht. (Photo: Claude Robinet)