80 Joer-Lori Gatti

D'Madame Jean Manderscheid-Gatti Lori huet den 1. Januar mat hire Kanner, Edëmen, de 6 Enkelkanner a Frënn, hiren 80. Gebuertsdag gefeiert.

Zu de Gratulanten huet och de Schäfferot vun der Gemeng Fëschbech gehéiert, mam Buergermeeschter Fränk Daems an de Schäffen Patrick Grotz a Luss Brosius, déi dem Lori Gatti ee schéint Blummenarrangement iwwerreecht hunn.