D'Chorale Lellig-Manternach huet d'Mass zu Fëschbech gesongen

Op Invitatioun vun der Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous hunn d'Chorales réunies vu Lellig-Manternach um Parfest d'Mass an der schéiner Kierch vu Fëschbech gesongen. D'Kierch war gutt gefëllt an d'Leit hunn de Gesank um Enn vun der Mass mat vill Applaus belount. Duerno war et e flott Zesummesinn am Centre culturel zu Schous, wou fir Eessen an Drénke beschtens gesuergt war.