Gebuertsdag vun der Madame Spiewak

D'Maria Spiewak-Maurer ass de 7.Juli 1936 zu Schous als éischt vun 3 Kanner op d'Welt komm. Hiere Mann, de Jäng Spiewak, koum am Freistaat Danzig, den 4. Januar 1932 op d'Welt.

Hie koum nom Krich als Flüchtling iwwert d'Schwäiz op Lëtzebuerg. Zu Schous huet hien net nëmmen beim Bauer Turmes eng Aarbecht font, mee och seng grouss Léift d'Maria.

Den 20. November 1954 sinn sie zwee bestuet ginn, a wunnen zanter 1969 zu Angelsbierg. De Jäng huet beim Elektriker Schwarz, op der Schmelz a bis d'Pensioun bei der Fonderie geschafft.

Leider ass hien vill ze fréi den 18. Juli 1992 gestuerwen. D'Maria huet sech doheem ëm di 4 Kanner an de Stod gekëmmert. Haut kann sie zudeem op 9 Enkelkanner an och schon 3 Ur-Enkelkanner houfereg sinn. An de gréissten Deel vun der Famill wunnt ëmmer nach an eiser Gemeng.

Dem Maria Spiewak hiere schéine ronne Gebuertsdag huet si dofir och matt der ganzer Famill de 9. Juli am Restaurant Victor Hugo zu Veianen gefeiert.

Och wäer et dem Schefferot, mat eiser Buergermeeschtesch, dem Marianne Brosius-Kolber a sengen zwee Scheffen, dem Simone Majerus-Schmit an dem Marco Karier, eng Éier, hir am Numm vun der Gemeng Fëschbech, mat engem schéinen Blummenarrangement, ze gratuléieren.