Pacific Dreams zu Nidderdonwen bei der Fanfare "Mosella"

No 1.105 Deeg war et endlech rem souweit, an d’Musikantinnen an d’Musikanten vun der Donwer Musek hun op hieren Galaconcert agelueden.

Gestart hu si den Concert mat dem Klassiker “Musik ist Trumpf” an ënner der Leedung vum Roger Armenzani goung et dou weider mat “Pacific Dreams”, “The Phantom of the Opera”, “The Blues Factory”, éier den Steve Punnel mat der “Amboss Polka” virun der Paus op sengem Amboss de ganzen Sall begeeschtert huet.

An de Paus war et dou um neien Président Marc Delvaux fir d’Publikum wëllkomm ze heeschen a verschidden Merci’en lass ze gin. D’Madam Donven huet als Vertriederin vun der UGDA e puer Medaillen un verdéinstvoll Musikanten verdeelt: Bronze gouf et fir 10 Jar fir d’Nathalie Ruppert, geéiert mat enger “Médaille de mérite en argent” goufen Breser Anja, Breser Pol, Ries-Kirsch Gerda, Ries Marco a Punnel Steve. 50 Jar ass den Punnel Armand schon derbei, dofir huet hien d’”Medaille en Argent Grand-Duc Adolphe” wuel verdengt.

Den 2. Deel huet Donwer Musek ugefang mat engem Gedenkständchen fir all hier verstuerwen Musikanten. Weiderhin huet d’Isabelle Cigrang duerch de Programm gefouert an d’Musikantinnen a Musikanten konnten mat Stecker wéi “Hobbits Dance and Hymn”, “The Blues Brothers Revue”, “It’s a small world” an “The Saints Hallelujah” d’Publikum sou begeeschteren, dat et no 2 Zugaben verlaangt huet.

Wéi gewinnt ass den Owend mat engem klengen Maufel an engem gouden Patt ausklenge geloos gin.