Presentatioun vum restauréierten Fändel vun der Donwer Musek

Den 21. Oktober 2018 huet d'Fanfare "Mosella" Niederdonven bei enger klenger Feier hieren Memberen an Inviteeën den restauréierten Fändel presentéiert. Den aalen Fändel, deen am Juni 1969 ageweit gouf, ass vun der Firma Kreisel vun Karlsruhe komplett restauréiert gin. D'Onkäschten heifir hun integral d'Musikanten an den Éierecomité gedroën. Nodeems den President Nicolas Ries an senger Ried en klengen Réckbléck gemat huet, huet hien den Fändel virgestallt. Stolz weist den Porte-Drapeau Marco Ries op diser Foto di eng Säit mam Rouden Léiw, op der aanerer Säit sin di éischt Täkt vun der Heemecht op Rout-Wäiss-Bloëm Hannergrond ze gesin. Bei engem Patt Éierewäin, deen vun der Gemeen Fluesweiler offréiert gouf, ass den neien "aalen" Fändel bewonnert gin. D'Schlusswuert war fir den Buergermeeschter Roger Barthelmy.