70 Joer Freed un der Musik

Foulschter Musik hat d'Éier an d‘Freed op der desjähriger Generalversammlung hire Komiteesmember, den Här Eugène Rasque mat der "Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe avec palmette " fir 70 Joer Engagement aus ze zeechnen. Den Eugène ass zënter 1947 an der Musik. Am Comité ass hie mat sengen 82 Joer nach ëmmer aktiv a béi all Manifestatioun derbäi. Desweidere kruten dëst Joer : Médaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Joer: GEREKENS-UNSEN Claudine, PLETGEN Marc, WIO Jean; Médaille de mérite en argent fir 20 Joer: LALLEMAND Anne, MULLER Laurence, SCHUSTER Martine; Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer : CRETON Jacques, GARCON Caroline; Insigne fir 5 Joer : CREMERS Victor, GRAAS Jil, MARX Chiara, PLETGEN Liss, REDING Claire, ROMEO Timo. Medaile goufe vum Vize President vun der Ugda dem Här Robert Mamer iwwerrescht, dee bei der Geleeënheet bemierkt huet, dat en 1993 zu Foulscht seng éischt Medailen aus gedeelt huet. De President, André Wio konnt vill jonk Musikante mat hiren Elteren an och déi méi eeler Musikante begréissen. Den Aktivitéitsbericht vun 2016 war gutt gefeelt. Kees wéist eng gesond Situatioun op. 2017 ass de Kalenner och schons gutt gefëllt. No dem Schlusswuert, vum President dee jidderengem Merci gesot huet, goung et dunn op Mëttegiesse lass.