Gala Concert 2018 vun der Foulschter Musik

Foulschter Musik hat den 3. Mäerz 2018 op hiren traditionelle Gala Concert invitéiert. De Concert war gutt besicht. Ënnert der Direktioun vum Sous-Chef Pol Wio ass e flotte Programm gespillt ginn de ganz gutt beim Publikum ukomm ass. Och déi Foulschter Jugendmusik, ënnert der Direktioun vum Pol Wio, konnt Publikum begeeschteren. D'Echoe vun dem Publikum nom Concert ware méi wei positiv. Merci dem Pol Wio, den eisen Dirigent den Tim Kleren, dee krankheitshalber verhënnert war, ersat huet.

Hutt dir de Gala vun der Foulschter Musik verpasst, kee Problem, e gëtt eng zweete Kéier den 10. Mäerz gespillt. Avis aux Amateurs. Reservatiounen : Tel.:23620404, oder per mail : michlall@foulschtermusik.lu

Nächst Joer feiert d' Foulschter Musik 100 Joer. Feierlechkeete fänke mam Gala Concert den 23. an den 30. Mäerz 2019 un. (Text: ML, Foto: Marc Pletgen)