Déi fréier Buschauffere vu Voyages Emile Weber : ee flotten Owend!

Esou wéi Traditioun et wëll, hu sech Pensionäre vu Voyages Emile Weber getraff fir e puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen a sech iwwer déi gutt al Zäite vu fréier ze ënnerhalen. Donieft gouf e Maufel giess, ee Patt gedronk an eng Ronn Keele gespillt.