Traditionellt Treffe vun de Pensionäre vu Voyages Emile Weber

"Weess de nach deemools....?" oder "Kanns de dech nach erënneren....?", esou fänken d'Gespréicher meeschtens um traditionelle Keelenowend vun den ale Buschauffeuren un. Zesumme gëtt bei enger Ronn Keelen an engem gudde Maufel iwwer déi "gutt, al" Zäiten diskutéiert. Esou bleift och déi laangjäreg Frëndschaft ënnert hinnen erhalen.