Pensionäre vu Voyages Emile Weber: eng Frëndschaft, déi bliwwen ass!

De Bus steet scho laang am Schapp an de Wecker muss owes och net méi gestallt ginn, mee eppes ass ëmmer bliwwen: eng grouss Frëndschaft!

Pensionäre vu Voyages Emile Weber hu sech getraff fir e puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen a fir sech iwwer déi gutt al Zäite vu fréier ze ënnerhalen. Donieft gouf e Maufel giess, e Patt gedronk an eng Ronn Keele gespillt.