Treffe vun de Pensionärë vu Rapid Canach

Jo! „Rapid Canach“ stoung deelweis nach op hire Bussen an net “Voyages Emile Weber”. Déi gutt al Zäiten eben. Eng Zäit, wou d’Chauffere sech all kannt, geschätzt a respektéiert hunn. Eng Zäit, wou een no der Schicht nach zesumme bei de Manni een huele gaange ass. Eng Zäit, wou een no der Schicht nach eng zweet Scheif an den Tachograph misst aleeë fir séier am décken Niwwel vum Findel op de Bréisseler Flughafen ze rennen. Eng Zäit, wou een nach selwer huet misse säi Bus op der Hand wäschen. Eng Zäit, wou eng automatesch Boîte net selbstverständlech war. Eng Zäit, wou ee mam „Lisa“ d’Wuermerstreck gefuer ass. Eng Zäit, wou laangjäreg Frëndschaften entstane sinn. A genee iwwer déi Zäit, gouf nees philosophéiert, diskutéiert a gelaacht. Dëst bei engem gudde Maufel a bei enger Partie Keelen.