Pensionnairë vu Voyages Emile Weber
,,An der Pensioun huet ee jo bekanntlecherweis keng Zäit an et kritt ee kee Congé méi..."
An trotzdeem fannen déi pensionéiert Chauffere vum Emile Weber ëmmer nees e Moment, fir sech ze gesinn. Zesumme bei engem Humpen a bei enger Hameschmier, gëtt, nieft enger Partie Keelen, iwwer déi gutt, al Zäite gepotert. Egal ob fir d'ULT an de Schwarzwald, fir d'Luxavia op de Findel, op Bochum an de Musical oder mam Gelenkbus ënnert der Däiwelsbréck erduerch, si hu sech ëmmer genuch ze zielen a waren iwwerall doheem, an dat ouni Navi!
Buschauffere mat Häerz a Séil, mee virun allem gutt Kolleegen!