Assemblée Générale 2022 vun der Kulturhuef a.s.b.l.

An der Generalversammlung vun der Kulturhuef a.s.b.l. huet d’Presidentin Liane Felten ee Réckbléck op Joer 2021 an een Ausbléck op 2022 gemaach. 


Kultur léisst sech net ënnerkréien an ënnert séchere Konditiounen huet de Kulturhuef 2021 seng Haapmanifestatiounen nees opgeholl. Och wann d’Luxembourg Museum Days nach als hybrid geféiert goufen, sou huet de Moonlight Cinema an ofgespeckter Versioun traditionell um 2e Weekend am Juli stattfonnt. E groussen Erfolleg waren och d’Sunset Unplugged Concerten déi komplett ausgebucht waren an déi vill Atelieren, esouwuel fir Kanner ewéi och fir Erwuessener déi zwar mat eng geréngerter Unzuel u Participanten, awer dofir mat genau souvill Enthusiasmus stattfonnt hunn.

Mee och de Programm 2022 huet et a sech an de Kulturhuef start - mat allen néidege Sécherheetsmesuren - nees voll duerch.


Et kann een sech op vill Neierungen am Kulturhuef freeën:

Direkt 3 Projeten, déi am Kader vum Programm „Neistart - enger Initiativ vum Kulturministère am Kader vun der Pandemie, déi 202 ugefang huet - lafen am Kulturhuef un:


1. D’Kënschtlerresidenz mam Neckel Scholtus geet zwar op en Ënn, mee d’Aarbechte sinn nach bis de Juni am Musée ze gesinn an an der Foussgängerzon op de Fënstere vun engem eidele Buttek (Liberman). Am Juni ass nach e Finissage, wou - wéi bei enger Staffel - de Staf un de nächsten Artiste associé am Musée iwwergeet. 


2. De Projet Gutenberg + Dieudonné for Kids leeft un, wou verschidde Statioune ganz spilleresch fir Kanner opgeschafft gi mat engem Begleetheft fir mat Heem ze huelen. 


3. De Visiteur dierf sech och direkt op dräi ganz nei, interaktiv Statiounen am Musée freeën.


Natierlech stinn och dëst Joer d’Luxembourg Museum Days, Kannerliesungen, Kannerworkshoppen, Guidagen, Erwuesseworkshoppen, de Moonlight Cinema, d’Sunset Unplugged Concerten, d’extra Seancen am Kino an an an … an Ärem Kulturhuef um Programm, dofir vergiesst net Iech an de Newsletter anzeschreiwen oder reegelméisseg op www.kulturhuef.lu luussen ze goen.


Mir freeën eis op Är Visitt,


D'Presidentin Liane Felten an d'Ekipp Kulturhuef