Sunset Unplugged am Kulturhuef

Wei all Joer war dëse Juli an August um Kulturhuef rëm Jazz-Musek ugesot. Mat dréi After Work Concerten hun d’Kënschtler um Sunset Unplugged de Public begeeschtert. Den 20. Juli huet d’Formatioun Ro Gebhardt’s International ob der Bün am Kulturhuef Bistro d’Säite klenge gelooss. De 27. Juli hunn The Minor MAJORS an den 03. August d’Michel Meis Standards Quartett eis da musikalesch am Kulturhuef Haff entertained. Natierlech gouf et zudeem leckert Iessen a Gedrénks vum Kulturhuef Bistro. Merci dem Public fir déi wierklech excellent Stëmmung an de Museker fir hier Zäit an déi flott Optrëtt.