Finissage "Merci Neckel - Moie Laurianne"

E flotte Finissage huet de 24.06.2022 am Kulturhuef Musée a Presenz vun de Kënschtler, der Präsidentin Liane Felten, der Coordinatrice Monika Jakobs, dem Député-Maire Léon Gloden an der Kulturministesch Sam Tanson stattfonnt. E grousse Merci gouf dem Neckel Scholtus fir dee super Projet, deen hatt fir de Kulturhuef ausgeschafft huet, ausgeschwat. Gläichzäiteg sot de Kulturhuef „Moie Laurianne“ - der Kënschtlerin Laurianne Bixhain déi hir Kënschtlerresidenz am Kulturhuef Musée ugefaangen huet.

E grousse Merci gëllt natierlech och dem Kulturministère fir déi generéis Ënnerstëtzung am Kader vum „Neistart Lëtzebuerg“ an der Stad Gréiwemaacher fir hir Ënnerstëtzung beim Extra Muros wou de Projet vun der Neckel Scholtus an den Zentrum erausgedroe gouf. Merci och all de Léit, déi dem Neckel zur Säit stoungen an natierlech och deenen, déi den Owend de Wee op Maacher fonnt hunn.