Assemblée Générale - Kulturhuef 2023

An der Generalversammlung vun der Kulturhuef a.s.b.l. den 27.02.2023 huet d’Presidentin Liane Felten ee Réckbléck op d’Joer 2022 an een Ausbléck op 2023 gemaach. 


D’Kultur rullt lues awer sécher an dëser post-pandemescher Welt erëm un an de Kulturhuef konnt 2022 seng Haaptmanifestatiounen nees ophuelen. Wärend de Luxembourg Museum Days gouf eist neit Begleedheft fir Kanner presentéiert. De Moonlight Cinema huet traditionell um 2e Weekend am Juli stattfonnt a war mat de Minions ee groussen Erfolleg. Eng wonnerbar Atmosphäre war och op de Sunset Unplugged Concerten, déi komplett ausgebucht waren.


Mee och de Programm 2023 huet et a sech an de Kulturhuef start nees voll duerch.


Et kann een sech op vill Neierungen am Kulturhuef freeën:


Véier nei interaktiv Statiounen am Musée, déi zesumme mat der neier Kënschtlerpromenad den 18. Mäerz inauguréiert ginn. Uschléissend gëtt dëst mat enger Portes Ouvertes den 18. an 19. gefeiert. Déi nei Statiounen sinn de leschte Projet am Kader vum Programm „Neistart Lëtzebuerg“


Eise Kino ass vum 24.04. bis de 05.05. zou, fir da mat ganz neie Kinossëtzer nees op ze goen. Dat feiere mir de 06.05. mat enger Réouverture.


Natierlech stinn och dëst Joer d’Luxembourg Museum Days, de Moonlight Cinema an d’Sunset Unplugged Concerten an Ärem Kulturhuef um Programm, zousätzlech dierft Dir Iech op ganz nei Kanner- an Erwuesseneworkshoppen, Guidagen, Aktivitéiten an extra Seancen am Kino freeën. Dofir vergiesst net Iech an de Newsletter anzeschreiwen oder reegelméisseg op www.kulturhuef.lu luussen ze goen.



Mir freeën eis op Är Visitt,


D'Presidentin Liane Felten an d'Ekipp Kulturhuef