Maacher Fräiheet 2012: Maacher Geschicht a Geschichten am Stued Theater

De 7., 8., 9. an 10.Juni sinn am gutt gefëllte Stued Theaterchen zu Gréiwemaacher d'760 Joer, datt de Grof Hary V. Maacher de Fräiheetsbréif iwwerreecht huet resp. 10 Joer Maacher Fräiheet 2002 mat vill Musek a Gesank gefeiert ginn. A 5 Biller an 13 Lidder iwwert Maacher Geschicht, Maacher Perséinlechkeeten, Hausnimm, Beruffer a manner schéin Zäiten goufen d'Leit iwwert dat informéiert, wat ee soll wëssen, wann een zu Maacher lieft. Wéi ëmmer am Stued Theater wor de Publikum tëscht den ale Maschinnen, dem Pättchen Elbling an dem Mäifelchen, Deel vum Spektakel. Et gouf zesumme gesongen, jo souguer gedanzt, wann et geheescht huet: "Georgely, Georgely, dréi ...". Op der Bühn hu gespillt a gesongen: Serge Schonckert (Gesang), Georges Majerus (Saxophon), Paulo Simoes (Gittar), Georges Urwald (Piano, Gesang a Moderatioun), John Schlammes (Bassgei), Al Lenners (Perkussioun).

Fir weider Informatiounen iwwert de Stued Theater: www.urwald.lu

Photoen: Christiane Schiltz-Urwald